Webinars d’Presentatioun vun den Esero Schoulprojeten 2021-2022

Jun 5, 2021 | News, News Lehrerfortbildungen

All Joer proposéiert d’Europäesch Weltraum Agence (ESA) Schoulprojeten ronderëm de Weltall.

Dës erméiglechen et de Schouljofferen a Schoulmeeschteren hir Schüler*innen fir d’Sciencen an Technologien op eng flott a spannend Aart a Weis ze begeeschteren.

Mir stellen Iech wärend dësem kuerze Webinars all Projet, säi pedagogescht Zil, den noutwendegen Zäitopwand fir matzemaachen esou ewéi d’Formatiounen, déi mir zu deene verschiddene Projeten ubidde, vir.

Webinar fir de Primär

Agenda

  • Moon Camp Discovery: 15h – 15h10
  • Climate Detectives: 15h10 – 15h20
  • MissionX: Train like an astronaut: 15h20 – 15h30
  • AstroPi MissionZero : 15h30 – 15h40
  • Froen an Äntwerten : 15h40 – 16h00

Datum: 22. Juni vu 15:00 bis 16:00 Auer.
Sprooch: Lëtzebuergesch
Location: online, mat Microsoft Teams

Umeldung virum 21. Juni:
https://forms.gle/S6KFgXkJsj3zHkiE6

Webinar fir de Sekundär

Agenda

  • CanSat : 16h00 – 16h10
  • Climate Detectives: 16h10 – 16h20
  • Moon Camp Explorers and Pioneers : 16h20 – 16h30
  • AstroPi Mission Space Lab : 16h30 – 16h40
  • Froen an Äntwerten : 16h40 – 17h00

Datum: 24. Juni vu 16:00 bis 17:00 Auer.
Sprooch: Franséisch
Location: online, mat Microsoft Teams

Umeldung virum 21. Juni:
https://forms.gle/dx2FQ6o3bkXeJxAA9