Léiere Programméiere Mam AstroPi

Okt 8, 2020 | 8 - 14 Jahre, Altersgruppen, Fortbildungen, News, News Lehrerfortbildungen

Kanner tëscht 8 an 14 Joer kënnen an dësem Workshop hir éischt Erfahrungen an der Programmatioun sammelen.

Mir wäerten en éischten Abléck an eng Programméiersprooch ginn, ee Quiz programméieren an de Computer zum zeechne bréngen.Dëst mat der Hëllef vum AstroPi, engem klenge Computer, deen ob de Raspberry PI opbaut, a vun der europäescher Weltraumorganisatioun entwéckelt gouf.

De Workshop fënnt am Base1 um Geesseknäppchen, den 26ten Oktober, vun 14:00 bis +- 16:00 statt. Virkenntnesser brauch ee keng, just är gutt Laun sollt dir matbréngen.

Umëlle kann ee sech per Mail op contact@esero.lu

Mir respektéieren déi offiziell Sécherheetsvirschrëfte wat de Covid-19 ugeet.

Dëse Workshop gëtt a Koopératioun mat dem Luxembourg Science Center gemeet.

Infos:
https://www.base1.lu/news/leier-programmeiere-mam-astro-pi/